Business Customers Department
entièrement dédié aux professionnels
2462 2400


Meng E-Mailen um BlackBerry kréien

Fir Är E-Mailen op Ärem BlackBerry ze kréien, egal wat fir e BlackBerry-Abonnement Dir hutt:

  1. Dir hutt e BIS, BlackBerry Internet Server,
  2. Dir hutt e BES, BlackBerry Enterprise Server a kritt d’E-Mailen déi an Ärer professioneller Inbox ukommen,

Fir Är privat E-Mailen op Ärem BlackBerry ze kréie braucht Dir nëmmen op d'Adress http://mobileemail.luxgsm.lu ze goen

Sidd Dir en neie Benotzer? Erstellt Äre Kont an e puer Klicken:

    Nodeems Dir op „en neie Kont erstellen" geklickt hutt, liest d'Benotzungskonditioune vum Service a markéiert dann d'Case "ech hunn d'Benotzungskonditioune geliest a verstan".

    Klickt dann op de Knäppchen Ech akzeptéieren.

    Äre PIN-Code an d’IMEI-Nummer vum Apparat (dat ass seng Seriennummer déi Dir ënnert der Batterie fannt: et ass also néideg datt Dir Äre BlackBerry aus maacht fir d’Batterie kënne sécher erauszehuelen an Zougang zu de gefroten Informatiounen ze kréien).

    Follegt dono den Instruktiounen déi Dir kritt fir Är privat E-Mailen direkt op Äre BlackBerry ze kréien.