Business Customers Department
entièrement dédié aux professionnels
2462 2400
Mat der BlackBerry-Léisung vun RIM (Research In Motion) hutt Dir Zougrëff op Är E-Mailen, op Äre Kalenner an op Är Kontakter wann Dir ënnerwee sidd, grad esou wéi wann Dir am Büro wäert, an dat an aller Sécherheet.
Well d’Dateverschlësselung vum Ufank bis zum Schluss vun der Kommunikatioun assuréiert ass, hutt Dir déi sécherst Léisung fir Är Aarbecht baussent dem Büro ënnert optimale Bedingunge weiderzeféieren.
D’BlackBerry-Technologie kompriméiert Är Donnéeë mat hiren Attachmenten, an doduerch gëtt Ären Datekonsum op e Minimum begrenzt: Äre Budget gëtt geschount an Dir kënnt an aller Rou connectéiert bleiwen!
D’BlackBerry-Smartphonen, déi sech a puncto Design a Funktiounen géigesäiteg iwwertrompen, gi mat véier Formulen ugebueden, déi un Är berufflech Aktivitéit ugepasst sinn, ob Dir elo geleeëntlech am Grand-Duché ënnerwee sidd oder stänneg op Geschäftsrees.