Méi kompetitiv sinn, sech d’Moyene gi fir sech deenen zukünftegen Erausfuerderungen ze stellen, senge Clienten d’Qualitéit vu Servicer unzebidden, déi si vum Leader vum Marché erwaarde kënnen: dat ass déi dräifach Existenzberechtigung vu LUXGSM S.A.
Staark wéinst dem Vertraue vu méi wéi 350.000 Clienten a räich un Know-how vun 150 Mataarbechter, ass LUXGSM S.A. deen éischten Handysoperateur zu Lëtzebuerg.
Wann d’Gesellschaft och haaptsächlech Abonnementer a Prepaid Kaarte, gradesou wéi Handye verkeeft, ënnerscheet se sech awer och duerch eng grouss Gamme vu Servicer, wéi z. Bsp. GSM Coursen oder och nach d’Configuratioun vun Apparater je nom Besoin vum Client. LUXGSM S.A. exploitéiert e ganz grousse Verkaafsréseau am ganze Land mat eegene Butteker gradesou wéi mat Revendeuren. D’Téléboutique vu P & T Lëtzebuerg déngen och als Referenzverbindung mat hire Clienten.
Fir de spezifeschen Erwaardunge vun de professionnelle Cliente gerecht ze ginn, huet LUXGSM S.A. e Service Business Customers Department, deen e moossgeschneiderte Service an e personnaliséierte Suivi ubidd.
Ausserdeem stellt d’Gesellschaft all hire Clienten eng gratis Helpline 24h/24 a 7Deeg/7 zur Verfügung (Tél.: 8002 4321 vum Festnetz aus; 4321 vum GSM aus).
Staark u hir Lëtzebuerger Identitéit gebonnen an sech hirer Roll als sozialen a kulturellen Acteur voll bewosst, ass LUXGSM S,A. och ganz engagéiert am Sponsoring vu verschiddene Manifestatiounen (z. Bsp. de Festival LUXGSM e Samschden den 1. Juli um Knuedler, Lëtzebuerg).
Maacht e Geste fir Är Ëmwelt mat Ärem alen Handy! Wann Dir nämlech nach Handyen hutt, déi Dir net méi benotzt, da recycléiere mir se gratis ! Denkt drun, eis Ären alen Handy erëmzeginn:
Huelt Är SIM Kaart aus Ärem Handy eraus a leet dann d’Batterie erëm dran a maacht den Deckel nees drop,
Gitt Ären Handy an eventuell d’Accessoiren (z.B. de Set fir opzelueden, de Kit fir fräihänneg ze schwätzen, de Bluetooth Kit) an engem vun eise LUXGSM Butteker of.
LUXGSM mécht dës Aktioun am Cader vun der Kollekt a vum Recyclage vun Offall am Zesummenhang mat der Tax vun ECOTREL, enger Gesellschaft vun der mir ee vun de Grënnungsmembere sinn. Fir méi Informatioun, kuckt um www.ecotrel.org