Gratis Helpline 24h/24,7D/7
Fixe : 8002 4321
Mobile : 4321


myLife




BENOTZUNGSCONDITIOUNE VUM MYLIFE SERVICE

1. ZWECK.

Den Zweck vun dëse Conditioune ass d’Conditioune a Modalitéite fir den Zougang, d’Benotzung an d’Fonctionnement vum « myLife » Service vu LUXGSM S.A. (heino genannt LUXGSM), anonym Gesellschaft, agedroen am Handelsregister vu Lëtzebuerg ennert der N° B43290, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, 1, rue Emile Bian, L-2996 Lëtzebuerg. LUXGSM steet am öffentleche Register vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) als « gemelte Firma » an onsen Handel ass dem Respekt vum Gesetz vum 30. Mee 2005 iwwert Netzwierker an d’elektronesch Kommunikatiouns-Servicer ënnerluecht.

De myLife Service ass reservéeiert fir déi Leit di di legitim Benotzer vun enger LUXGSM Ruffnummer sin, op d’Souscriptioun vun engem Abonnement hin oder nodeems ze eng vierbezuelt LUXGSM Netz Kaard zur Verfügung gestallt kruten (duerno genannt Benotzer). Souwéit net anescht hei virgesin, sin d’allgemeng a speziell Conditioune vun engem Abonnements-Kontrakt uwendbar fir e Benotzer dén op d’LUXGSM Servicer abonnéiert ass.

De myLife Service erlaabt dem Client vu Wéitem Zougang ze hun duerch eng Connexioun an d’Internet Netz un eng E-mail Adress a séi verbonnene Konto. LUXGSM reservéiert sech d’Recht Fonctionnalitéiten vum Service eweg ze huelen, em ze enneren oder béi ze setzen a LUXGSM kan dës Conditioune emenneren oder adaptéieren am Fall vun enger Emennerung vum Gesetz oder der uwendbarer Réglementatioun betreffend Télécommunicatioun, elektronesche Commerz, elektronesch Bezuelung oder Ënnerschreft, Techniken déi gebraucht gi fir d’Applikatioun fonctionnéiere ze doen, oder, ganz allgemeng, am Fall vun enger Ennerung déi d’Aktivitéite oder d’Servicer vu LUXGSM direkt betreffen.


2. BESCHREIWUNG VUM MYLIFE SERVICE.

De Service ass zougänglech via online Interface vu folgender web Adress aus http://www.luxgsm.lu/mylife. Fir un de myLife Service vu sengem Computer oder egal wéi engem anere Dispositif aus erun ze kommen, dén esou een Zougang erlaabt, muss de Benotzer sech un een Zougangs-Provider vun senger Wiel wenden, andeems hie wesse muss dat d’Livere vum Zougang an d’ Internet Netz net am Service mat abegraff ass.

Et ass um Benotzer sécher ze stellen dat séi Matériel an/oder séi Software him Zougang an de Service erlaaben. Hie verflicht séch, nëmmen agrééiert an erlaabt Computere, Equipementer, Installatioune oder Software ze benotzen, déi a perfektem Zoustand a fréi vu Vicen a Viruse sin.

De Benotzer verflicht séch och raisonnabel oft ze controlléieren op den Inhalt (d’Inhälter) déi hie gebraucht keng Viruse oder Programmer hun déi d’Fonctionnement vum Service kinte stéieren oder den anere Benotzer vum Service an/oder LUXGSM irgend weleche Préjudiz kinte zouféieren. De Benotzer erklärt den Auteur ze sin oder iwwert d’gesamt Rechter oder néideg Erlaabnisse verfügt, op de gesamten Inhalt dén (d’gesamt Inhälter déi) hien op de Serveure vu LUXGSM eroflued oder am Kader vum myLife Service gebraucht.

Den online Interface erlaabt engerm Benotzer:
• zu engem Mail Konto Zougang ze hun mat engem standard Beréich vu 500 MB• standard zu engem Speicherberéich Zougoung ze hun vu Fichiere vu 1 GB op de Serveure vu LUXGSM déi et erméiglechen erofzelueden, ze spéicheren, ze organiséieren, numeresch Inhälter ze consultéieren an all Typ vu erlaabte Formate : Fotoe, Vidéoe, Musike, bürotesch Fichiere (heino genannt « Inhalt (Inhälter) ») • un aner veröffentlecht Fonctionnalitéiten Zougang ze hun (Kalenner, Augabe, SMS Meldungen, etc.)

Gewësse supplementar Fonctionnalitéite kënne vum Benotzer béigesaat gin a si ze bezuele gemäss de veröffentleche kommerzielle Conditioune iwwert de Gebrauch vum Service (addons) (antivirus, antispam, supplementar Spéicher-Kapazitéit ...). LUXGSM offréiert dem Benotzer d’technesch Moyene déi hm erlaaben, virun der endgülteger Command, d’Feeler déi bei der Saisie begaang goufen, ze identifizlieren an ze verbesseren. Well dës Prestatioun vu LUXGSM direkt noom Empfang vun der Command offréiert gëtt, huet de Benotzer keen Zréckzéiungsdélai.

Wéi op jidderengem E-mail Konto, ass d’Gréist op 500 MB beschränkt, wat en Dépassement vun der zougestellter Spéicher-Kapazitéit mat sech brenge kann. Am Fall vun engem Dépassement vun der zougestellter Spéicher- Kapazitéit, kan de Nenotzer kee neien Inhalt eroflueden oder e mat aneren deelen. Eleng d’Consultatiouns a Gestiouns Fonctioune vun den Inhälter sin disponibel. De Benotzer muss dan Inhalt eweghuele oder hie kan méi eng grouss Spéicher-Kapazitéit wielen (addon). LUXGSM iwwerhelt kee Cryptéiere oder Schutz vun dem Inhalt (den Inhälter) wärend der Transmissioun a ka net d’Sécherheet an d’Integritéit vun dem Inhalt (den Inhälter) bei den Transfersoperatioune garantéieren. De Benotzer erkennt, dovun perfekt informéiert ze sin an ass d’accord, den Inhalt (d’Inhälter) ennert sengen ganzer an eenzeger Verantwortung an am Wëssen dovun erofzelueden.

Fir de Verloscht oder d’Ennerung vun dem Inhalt (den Inhälter) ze verhënneren, erklärt de Benotzer, eng Sauvegarde vun em op e fiable Support gemaach ze hun virun dem Online setzen an dem Deelen. LUXGSM behält sech d’Recht vir, de Service évoluéiere ze loossen an informéiert de Benotzer iwwert jidder substantiel Ennerung virun dém d’Ennerungen effektiv sin. Dës Ennerungen sin als acceptéiert betruecht wan de Benotzer de Service iwwert e Mount eweg benotzt.


3. ACCEPTATIOUN VUM SERVICE

3.1 Zougang zum Service
Den Zougang zum myLife Service a sei Gebrauch supposéieren di vireg Acceptatioun ouni Réserve duerch de Benotzer vun dëse Benotzungsconditiounen. Den Zougang an d’Benotzung vum Service si nëmme fir volljäreg Persoune bestëmmt. An der Hypothèse wou de Benotzer mannerjäreg ass, verflicht hien sech viraus eng Erlaabnis bei der Elteren-Autoritéit un ze froen. De Benotzer erklärt dat den Titular vun der Elteren-Autoritéit d’Zougangsufro acceptéiert huet a mat him dës Benotzungsconditiounen gelies huet. D’Elteren-Autoritéit mus d’Benotzung vum myLife Service duerch e Mannerjäregen surveilléieren wärend deems eng Partie vum Service ze bezuelen ass.

3.2 Zougangsufro un de Service
D'Acceptatioun fir de Service gëtt an e Puer Etappe gemach. De Benotzer gëtt seng Zougangsufro un de myLife Service eran iwwert de Site www.luxgsm.lu/mylife andeems hie all Kéier en Turing Test mecht den erlaabt automatesch den Ennerscheed ze machen zweschen engem Mensch oder engem Computer (visuelle CAPTCHA Code).


Bei enger neier Zougangsufro un de myLife Service , muss de Benotzer fir d’éischt seng Ruffnummer eraginn an erlaabt domat d’Verbannen vun dëser Nummer mat sëngem myLife Konto a LUXGSM esou dat sie him a Geheimcode validéieren. De Benotzer kritt dëse Code op séng Ruffnummer via SMS vun engem dofir bestëmmte Serveur vu LUXGSM. Hien acceptéiert explicit dat ugehol gëtt dat all Communicatioun déi op d’ Ruffnummer geschéckt gëtt déi hin bei senger Zougangsufro ugin huet him perséinlech zoukomm ass.

D’Zougangskontroll gëtt dann deem ennerluecht, dat dëse Geheimcode duerch de Benotzer validéiert gëtt duerch eng manuell Saisie op dem Site vu www.luxgsm.lu/mylife , en ass streng perséinlech a nemmen zeitlech begrenzt. Fir d’Sécherheet an d’Confidentialitéit vu den Daten ze assuréieren, behält LUXGSM sech d’Recht vir, a verschidden eenzele Fäll en Identifikatiounssteck ze froen oder Sécurisatiouns-, d'Authentificatiouns oder d’Identificationsmoosnahmen ze enneren. Dëst kan zum Beispill de Fall sin, wan LUXGSM dofu Kenntnis kritt huet, dat de Benotzer net mat dem Abonnent iwrenee stëmt oder wan den Abonnent viedrun den Zougang zum Service verbueden haat.

3.3 Authentificatiouns Prozédur
Fir sech an den myLife Service ze enregistréieren, muss de Benotzer seng E-mail Adress agin déi aus senger Ruffnummer besteet gefollegt duerch de Libellé « @mylife.lu » an e Passwuert dén de Benotzer wielt fir séin Zougang ze benotzen. No der Authentificatioun huet de Benotzer d’Méiglechkeet, Aliase fir seng E-mail Adress ze crééieren. D’Acceptéieren vum Zougang un de Service duerch de Benotzer geséit een beim Acceptéieren duerch LUXGSM vum Passwuert dén de Benotzer agëtt an och duerch eng Confirmatioun via SMS op d’verbonne Ruffnummer am Moment vun der Créatioun vum Konto vun der elektronescher Messagerie. Noom Enregistréiere vum Passwuert brauch de Benotzer keng nei Zougangsufro méi eran ze gin.

De Benotzer ass ëmmer verantwortlech fir d’Consultatioun vun sengen Enregistrementer, souguer wan en d’Benotzung vun sengem Passwuert oder/an senger Ruffnummer enger Drëttpersoun iwwerléist. Wan de Benotzer net den Abonnent vun der gebrauchter Handysnummer ass oder waan hien aus irgend engem Grond d’Benotzung vu senger Ruffnummer mat anere Benotzer deelt nodeems en an de myLife Service Zougang haat, da muss hien oppassen dat hie séi myLife Konto annuléiert viruns dat en d’Benotzung vun sénger Ruffnummer eweggëtt, ouni ze vergiessen dat de myLife Konto dén hie crééiert huet mat der Ruffnummer verbonne bleiwt déi bei senger éischter Zougangsufro ordnungsgemies enregistréiert gouf.

De Benotzer ass also eleng verantwortlech fir d’Gestioun an d’Conservatioun vun der Confidentielitéit vu sengem Passwuert a jidder enger Consultatioun déi anhand vu sengem Passwuert gemaach gouf.

LUXGSM kan den Zougang zum myLife Service verweigeren, ouni missten e Grond dofir unzegin an d’Installatioun vum myLife Service kan enerbrach, bloquéiert odre verweigert gin wan den Informatics-System vu LUXGSM e Problem am Identifikatiouns-Prozess vum Benotzer detectéiert oder vun der Sécurisatioun am allgemengen, z.B. am Fall vun inkompletten oder onkorrekten Daten. De Benotzer ass eleng verantwortlech fir all schlecht Manipulatioun wärend dem Zougang zum Service, hien iwwerhelt d’ganz Verantwortung fir d’Benotzung vum myLife Service, vun der Conservatioun vum confidentiele Caractere vun den Zougangs-Coden and all Consultatioun, Interventioun an Actioun déi vu senge Coden aus gemaacht gëtt.

4. OBLIGATIOUNEN A VERANTWORTUNG VUN DE PARTEIEN

D’Parteien gin ausdrecklech ennert sech eens dat d’ Benotzung vum Geheimcode/Passwuert fir den Zougang zum myLife Service eng genügend Prouf vu den Operatiounen ass, déi vu dëse Securisatiounsmoosnaamen aus gemach goufen an as gleichgestallt, wa néideg, mam Ënnerschreiwen vum Benotzer, dé certifiéert den Auteur vun dësen Operatioune ze sin.

D'Infrastructur vu LUXGSM déi den Zougang zum Service erlaabt ka gestéiert, dérangéiert, obgehaal oder ënnerbrach ginn, onofhängig vum Wëllen vu LUXGSM, wat entweder den Internet Site vu LUXGSM oder de myLife Service momentan kan onzougänglech maachen.

LUXGSM ka net verantwortlech gehal ginn fir eng Perte, e Préjudiz oder e Schued, vu wei enger Natur och ëmmer, dé kinnt entstoen no engem Versäumnis duerch de Benotzer vun den Obligatiounen vum virege Paragraph.

Gesinn d’Noutwendegkeete fir LUXGSM, d’Fakturatiouns-Informatiouen an aaner Clients-Date regelméisseg à jour ze setzen, kan de myLife Service Date vum Benotzer uginn di eventuell net perfekt aktualiséiert kinnte sin.

Ouni Préjudiz zu aanere Beschränkungen oder Verantwortungs-Exclusioune aus dësen, kan d’Verantwortung vu LUXGSM net engagéiert gin ausser fir schwéier Feeler oder béis Negligence.

De Benotzer verflicht sech :
guer keen Inhalt (keng Inhälter) ze gebrauchen a keng Meldung oder Informatioun ze diffuséiere déi beleidigend, drohend, diffamatoresch, racistesch sinn oder der Éier oder Reputatioun vun enger anerer Persoun oder engem Grupp vu Persounen schoueden, oder och déi incitéieren déi courant Gesetzgebung net ze respektéieren;
- d’Rechter vun dénen Aaneren ze respektéieren, an ener Aanerem och d’Rechter vun der Perséinlechkeet (wéi z.B. Recht op d’Reputatioun, Rech op de Respekt vum private Liewe), d’Marquerechter, d’Auteurerechter an d’Rechter em d’Auteurerechter, generell d’Rechter vu de Persounen and de Saachen ;
- am allgemengen garantéiert de Benotzer dat seng Inhälter mat der couranter Gesetzgebung iwwereenstëmen a net dénen Aaneren hie Rechter schouden.

De Benotzer ass averstaan dat eleng hien verantwortlech ass fir d’Inhälter a méi allgemeng fir all Informatioun op sengem online Interface, d’Daten esou gud wéi de Gebrauch déi hien am Kader vum Service mécht. Schlussendlech iwwerhelt hien di ganz Verantwortung, zivil esou wi penal, vun den Inhälter, d’Ustieche duerch e Virus vun den Daten an/oder Software vum Benotzer, dém de Schutz dovun ennerléit.


5. DAUER VUM SERVICE A KËNNEGUNG VUN ENGEM MYLIFE KONTO

Den Zougang ass d'office ausgesaat am Fall vu Blockéiere von der Ruffnummer déi un d’E-mail Adress vum Benotzer gebonnen ass.

Den Zougang ass d'office gekënnegt am Fall vun engem Changement vum Abonnéierte, vu Portage oder no dem Désaktivéiere vun der Ruffnummer déi mat dem myLife Konto duerch di eng oder di aner Partei verbonnen ass.

De Benotzer kann och a jiddem Moment d’Kënnegung vun sengem myLife Konto oder vun engem supplementare Service (addon) froen andeems en d’Helpline vu LUXGSM kontaktéiert (4321 vun engem Handy aus, 8002 4321 vum engem fixe Posten aus). All Kënnegungs-Ufro vum Benotzer aus gëtt nemmen effektiv no der Confirmatioun vun der Rezeptioun bei LUXGSM vun der verbonnener E-mail Adress vum Benotzer.

LUXGSM kan och e myLife Konto oder e Service kënnegen andeems sie de Benotzer duerch eng electronesch Meldung mat engem Mount Kënnegungsfrist benorichtegt. Dës Ofschaafung gëtt Recht op guer keng Indemnitéit vun irgend engem Typ fir de Benotzer.

6. Perséinlech Daten

De Benotzer ass eleng verantwortlech fir d’Daten déi hie LUXGSM kommunizéiert an erklärt dat di Daten déi hien bei sengem Aschreiwen zum Internet Benotzer Konto ginn huet, perfekt ugi a richteg sin. De Benotzer ass informéeiert dat gemäss dem Gesetz iwwert den Dateschutz, di nominativ Informatiounen di op den Zougangsformulären als obligatoresch signaléiert sin an am Kader vum Service gesammelt goufen, netzlech fir de Gebrauch dovu sinn. Dës Informatioune sin ausschliesslech fir LUXGSM geduercht a fir de Bedreiwer vum Netz fir d’Besoinen vun der Executioun vun dësen allgemengen Service-Conditiounen. De Benotzer verfügt iwwer een Oppositiounsrecht, en Zougangsrecht an en Rectificatiounsrecht fir Daten di hien ugin, di hien direct op dem Site an der Rubrik «Profil» exercéiere kann oder duerch schreftlech Ufro un de Sëtz vu LUXGSM.

7. GERIICHTSKLAUSEL
D’letzebuergescht Gesetz ass uwendbar fir d’Exécutioun, d’Applicatioun an d’Interpretatioun vun den Obligatiounen an hiere Folgen. All Litige a Rapport mat dësem Kontrakt, senger Exécutioun a senge Folgen ennersteet der exklusiver Kompetenz vun den Tribunäler vum Sëtz vu LUXGSM.