Gratis Helpline 24h/24,7D/7
Fixe : 8002 4321
Mobile : 4321


Aktuelles

21/07/2010: LUXGSM World Balloon Trophy zu Iechternach

visuel_news_242

Déi bescht Pilote vun der Welt wäerte vum Iechternacher Séi aus fortfléien: kommt eis vum 21. bis den 25. Juli besichen a verpasst net den Night-Glow de Samschden 24., eng spektakulär Show mat Toun a Luucht déi en Ëmwee wäert ass!

Loscht op e klenge Virgeschmaach? Dee fannt Dir hei...

19/05/2010: En nationalen Élan vu Solidaritéit



Fir de villen Affer vum Äerdbiewen op Haiti ze hëllefen haten déi lëtzebuergesch Handysbedreiwer P&T Lëtzebuerg/LUXGSM, Tango an Orange zesummen d’Initiativ geholl fir Appel un hir Clienten ze maache fir de Geschiedegte vun Haiti ze hëllefen.

D'Lëtzebuerger hunn dësen Appel héieren, well net manner wéi 50.000 Euro goufen den Dënschdeg 18. Mee am Ausseministère, an der Präsenz vun der Kooperatiounsministesch, der Madame Marie-Josée Jacobs, un Handicap International iwwerreecht.

Dës Zomm déi duerch surtaxéiert SMSë vun 2€ récoltéiert gouf a vun de lëtzebuergeschen Handysbedreiwer opgerënnt gouf wäert hëllefen d’Kapazitéite vun Handicap International, déi fir vill Joren zu Haiti engagéiert ass, ze verstäerken. Fir d’Rehabilitatioun vun den Haitianer ze ënnerstëtzen huet Handicap International de Bedreiwer proposéiert déi offréiert Fongen direkt fir d’Hëllef un d’Affer vun dësem schlëmmen Äerdbiewen ze benotzen.

Mir soen Iech Merci fir Är Contributioun.

12/04/2010: Fréijoersfoire



Kommt vum 1. bis den 9. Mee eis Neiegkeeten op der Fréijoersfoire entdecken: déi neiste Laptopen an Handyë waarden op Iech an eis Spezialiste wäerten op all Är Froen äntwerten!

Rendezvous um Stand 9A - bis geschwënn!

10/03/2010: Data Roaming

Fir Är Dépensë fir Data Roaming Servicer ze maîtriséiere stellt LUXGSM Iech e präventive Mechanismus zur Verfügung deen Iech et erlaabt

  • e finanzielle Plafong pro Mount fir Är Dépensë fir Data Roaming Servicer ze definéieren
  • eng Noriicht per SMS ze kréie soubal Är Dépensë fir Data Roaming Servicer fir den aktuelle Mount no bei 80% vum ausgemaachte finanzielle Plafong sinn
  • eng Noriicht per SMS ze kréie soubal Är Dépensë fir Data Roaming Servicer fir den aktuelle Mount no bei 100% vum ausgemaachte finanzielle Plafong sinn an d’Fourniture vun den Data Roaming Servicer fir den aktuelle Mount ze spären

Dir fannt hei drënner d'Lëscht vun de Commanden déi Dir per SMS op den 64046* kënnt schécke fir de präventive Mechanismus fir d’Data Roaming Servicer fir Är LUXGSM Handysnummer ze géréieren

Dir wëllt Commande per SMS op den 64046* schécken
fir den aktuelle Mount Informatiounen iwwert d’Dépensë fir Data Roaming Servicer kréien I
de präventive Mechanismus mat engem predefinéierte finanzielle Plafong pro Mount aktivéieren oder de finanzielle Plafong pro Mount änneren
   25 € O 25
   50 € O 50
   100 € O 100
   500 € O 500
   1000 € O 1000
Informatiounen iwwert den Zoustand vum präventive Mechanismus kréien S
de Rétablissement vum Data Roaming Service fir den aktuelle Mount ufroen nodeems d’Dépensë dofir fir den aktuelle Mount no bei 100% vum ausgemaachte finanzielle Plafong leien an d’Fourniture vum Data Roaming Service gespaart gouf U
de präventive Mechanismus fir d’Data Roaming Servicer desaktivéieren F


Zum Beispill

Fir de präventive Mechanismus fir Data Roaming Servicer mat engem finanzielle Plafong pro Mount vu 50 € ze aktivéieren, schéckt de Buschstaf "O" mat engem Espace an dono der Zuel "50" per SMS op den 64046*.

* gratis vum LUXGSM Réseau aus

21/01/2010: SOS Haïti

Fir de villen Affer vum Äerdbiewen op Haiti ze hëllefen hunn déi lëtzebuergesch Handysbedreiwer P&TLëtzebuerg/LUXGSM, Tango an Orange zesummen d'Initiativ geholl fir Appel un hir Clienten ze maache fir de Geschiedegte vun Haiti ze hëllefen..

schéckt „SOS" op den 64900


Déi komplett Recette (2€ pro Message plus d'Käschte vun engem SMS) gëtt fir d'Hëllefsmoosnamen a d'Rekonstruktioun zugonschte vun de Geschiedegte gespent.

Dës Operatioun leeft iwwer zwou Wochen, an zwar bis zum Sonndeg 7. Februar 2010 nach mat.

01/12/2009: New Shop

visuel_news_237

Fir d'Feierdeeg huet d'LUXGSM-Boutique aus der Strosbuerger Strooss den Touch&Try-Konzept iwwerholl, dee fir d'éischt an de Boutiquë vun Esch/Uelzecht an am Centre commercial City Concorde zum Asaz koum. Déi lescht Nouveautéite stinn Iech do zur Verfügung, an Dir kënnt se live testen...

Eis Equipe empfänkt Iech elo all Dag, am November an Dezember souguer och sonndes! An enger méi lëfteger a méi praktescher Boutique kënnt Dir elo shoppen, wéi et Iech gefällt.

Kucken ass gutt, probéieren ass besser!

11/11/2009: Nokia rappelle certains chargeurs

 

15/09/2009: Nouveau site LUXGSM

visuel_news_231


Méi ergonomesch, méi maniabel awer och méi Kloer a besser strukturéiert: e komplette Site fir einfach alles iwwert d'Welt vum Mobiltelefon erauszefannen, an nach vill, vill méi…

14/09/2009: Stay in Touch

visuel_news_230




Déi neisten Touchscreens an den Dell Touch fannt Dir bei LUXGSM !

31/07/2009: iPhone 3GS chez LUXGSM!

visuel_news_225

Vous l'attendiez : l'iPhone 3GS, plus rapide et plus puissant que jamais, est arrivé chez LUXGSM dès ce matin 8h! Pour le lancement, les quantités étant limitées, nous sommes dans l'obligation de limiter les ventes à 1 abonnement souscrit.

Pour plus de détails sur l'offre, c'est ici!

29/07/2009: LUXGSM World Balloon Trophy

visuel_news_226

Comme chaque année le LUXGSM World Balloon Trophy accueillera petits et grands sur le site du lac d'Echternach du 29 juillet au 2 août, donnant à cette charmante ville des airs de village de vacances le temp d'un long week-end.

Ne manquez pas cet évènement qui tombe à pic pour animer les grandes vacances grâce à ses animations en tout genre dont le spectaculaire Night Glow mêlant vols de montgolfières, sons et lumieres qui aura lieu samedi 1er août au soir et qui fait partie des instants de l'été à ne pas manquer au Grand-Duché!

01/07/2009: -40% op all Datenappeller an Europa

visuel_news_227

De läschte Mount huet LUXGSM Iech eng Baisse vu 50% um Tarif vun den SMS am Roaming an Europa ugekënnegt1.
Am Juli ass et un der Rei vun den Datenappeller déi fir de Summer méi schlank ginn!

Vum 1. Juli u kënnt Dir vu reduzéierten Tariffer op Datenappeller profitéieren, dat heescht wann Dir iwwert den Handysréseau an engem vun
de Länner vun der Europa-Zon um Internet surft.

1Nëmme valabel fir SMS déi aus dem Handysréseau aus engem vun de Memberlänner vun der

Europa-Zon un Nummeren aus den Handysréseauë geschéckt gi mat deene LUXGSM e Roamingsaccord ofgeschloss huet. Konditiounen am Geschäft.    

2 Nëmme

valabel fir Datenappeller aus dem Handysréseau vun engem vun de

Memberlänner vun der Europa-Zon mat deene LUXGSM e Roamingsaccord

ofgeschloss huet. *Präisser ouni TVA fir e Client mat Prepaid-Kaart.