
Fir Är Dépensë fir Data Roaming Servicer ze maîtriséiere stellt LUXGSM Iech e präventive Mechanismus zur Verfügung deen Iech et erlaabt
Dir fannt hei drënner d'Lëscht vun de Commanden déi Dir per SMS op den 64046* kënnt schécke fir de präventive Mechanismus fir d’Data Roaming Servicer fir Är LUXGSM Handysnummer ze géréieren
| Dir wëllt | Commande per SMS op den 64046* schécken |
| fir den aktuelle Mount Informatiounen iwwert d’Dépensë fir Data Roaming Servicer kréien | I |
| de präventive Mechanismus vu 50€ pro Mount desaktivéieren oder de finanzielle Plafong pro Mount änneren | |
| 25 € | O 25 |
| 50 € | O 50 |
| 100 € | O 100 |
| 500 € | O 500 |
| 1000 € | O 1000 |
| Informatiounen iwwert den Zoustand vum präventive Mechanismus kréien | S |
| de Rétablissement vum Data Roaming Service fir den aktuelle Mount ufroen nodeems d’Dépensë dofir fir den aktuelle Mount no bei 100% vum ausgemaachte finanzielle Plafong leien an d’Fourniture vum Data Roaming Service gespaart gouf | U |
| de präventive Mechanismus fir d’Data Roaming Servicer desaktivéieren | F |
Zum Beispill
Fir de präventive Mechanismus fir Data Roaming Servicer mat engem finanzielle Plafong pro Mount vu 50 € ze aktivéieren, schéckt de Buschstaf "O" mat engem Espace an dono der Zuel "50" per SMS op den 64046*.
* gratis vum LUXGSM Réseau aus