Gratis Helpline 24h/24,7D/7
Fixe : 8002 4321
Mobile : 4321


 FAQ data roaming



Ech wëll meng Konsommatioun vu data roaming wëssen, wat muss ech maachen ?

Schéckt I per SMS op den 64046.

Ass daat eng Informatioun an Echtzäit?

Jo

Wéivill kascht et fir en SMS op den 64046 ze schécken ?

Et ass gratis fir d’virbezuelte Clienten nationaal an am roaming. Et ass gratis op nationaalem Niveau fir d’abonnéiert (donobezuelte) Clienten di am roaming bezuelen. De Roamingspréiss hält vum Tarif vum Client of a vun der Tarificatioun am Land vu hie grad ass.

Ech wëll de Mechanismus aktivéieren fir e Plafong vu 25€, wat muss ech maachen ?

Schéckt O 25 per SMS op den 64046.

Ech wëll de Mechanismus aktivéieren fir e Plafong vu 50€, wat muss ech maachen ?

Schéckt O 50 per SMS op den 64046.

Ech wëll de Mechanismus aktivéieren fir e Plafong vu 100€, wat muss ech maachen ?

Schéckt O 100 per SMS op den 64046.

Ech wëll de Mechanismus aktivéieren fir e Plafong vu 500€, wat muss ech maachen ?

Schéckt O 500 per SMS op den 64046.

Ech wëll de Mechanismus aktivéieren fir e Plafong vu 1000€, wat muss ech maachen ?

Schéckt O 1000 per SMS op den 64046.

Ech wëll de Plafong dén ech gewielt hu wëssen, wat muss ech maachen ?

Schéckt S per SMS op den 64046.

Ech brauch Hëllef iwwert de Mechanismus, wat muss ech maachen?

Schéckt H 500 per SMS op den 64046.

Fir wéi eng Period ass de Plafong gülteg?

De Plafong gelt fir e Kalennermount, vum 1. bis den 31. (oder 30.) vu Mount. De Betrag gëtt bei der éischter Konnexioun am Mount réinitialiséiert.

Ass de Plafong mat oder ouni TVA ?

Dat hengt vum Client sengem Profil of. Fir e virbezuelte Client ass de Plafong € TTC, also alles abegraff. Fir en abonnéierte Client (nobezuelt), ass de Plafong € HTVA, also ouni TVA. De Confirmatiouns-SMS widderhelt emmer dës Notioun.

Ech wëll mech aus dem Mechanismus ausschreiwen, wat muss ech maachen?

Schéckt F per SMS op den 64046.

Ech si bloquéiert well ech de finanzielle Plafong erreecht hun, kann ech méin Zougang débloquéieren ?

Jo, schéckt U 500 per SMS op den 64046. Den Zougang ass fir de laafende Mount débloquéiert an de Plafong gëtt fir de folgende Mount erem hiergestallt. Dir hutt kee Plafong méi fir de laafende Mount mee Dir kennt all Moment Ären Encours kucken andeems Dir I per SMS op den 64046 schéckt. Natiirlech kenn Dir Ären Zougang ganz bloquéiere loossen an en neie Plafong wielen andeems Dir O an de gewielte Betrag op den 64046 schéckt.

Kann ech eng aaner Sprooch wéi Franséisch fir d’Meldunge wielen ?

Am Moment ass just Franséisch disponibel. Mee geschwën wärten Englesch, Déitsch a Lëtzebuergesch ugebueden ginn.

Ech gebrauchen e portable PC, wéi kann ech méing data roaming Consommatioune kucken oder de Préventiouns-Mechanismus aktivéieren?

Äre PC muss e Clients-SMS hunn an eng Applikatioun déi et erlaabt, SMSen ze schécken an ze kréien. Et ka virkommen dat d’virgeschloen Applikatiounen en erakommende Mail net signaléiert, an dësem Fall muss Dir regelmässeg Ären Inbox consultéieren. Kontaktéiert de Service Connectivity fir Informatiounen iwwert d’Verschécken an d’Rezeptioun vun SMSen mat engem portable PC.

Ech hun e finanzielle Plafong gewielt dén et net gëtt andeems ech méi Code per SMS geschéckt hun oder ech hun O geschéckt ouni de Betrag ze préciséieren, ech sinn informéiert ginn, dat e Plafong vu 50€ aktivéiert gouf, wiewat?

Fir d’Verschécke vun SMSen mat engem falsche Betrag, gëtt e Standard-Plafong vu 50€ ugewend. Dat ass am Senn vun enger europäescher Direktiv déi ab 1. Juli e Plafong vu 50€ fir all Benotzer virgeséit.

Hunn ech eng Garanti dat ech de gewielte Plafong ni iwwerschreiden? Kann et aver emool driwwer goen ?

D’Meldunge gi kuerz vrun 80 % oder 100 % vum Plafong geschéckt. Fir e Plafong vu 50 € zum Beispill, gëtt de Meldungs-SMS vun 100 % bei 47 € geschéckt. An der Europa-Zone wärt dësen MB keng 3 € iwwerschreiden a garantéiert dobei dat de Plafong vu 50 € net iwwerschride gëtt. An engem Land dat ausserhalb der Europa-Zone léid, a fir e méi héige Präis vum MB, ass et méiglech dat dëse Plafong liicht iwwerschride gëtt.

Ech hun méin data roaming Zougang débloquéiert andeems ech U per SMS geschéckt hun mee ech kréie keng Iinternet Sessioun op oder ka meng web Applikatioun net weiderféieren, wiewaat ?

Débloquéieren eleng geet net duer, et muss eng Déconnexioun vun der Sessioun gemaach ginn. Probéiert eng vun de folgende Méiglechkeeten:

- Déconnektéiert Iech a reconnektéiert Iech.
- Maacht Ären Handy aus an erem un.
- Gitt an de Mode Flieger an kommt dan rem zréck an de Mode Stëmm

Ech hun e Plafong vu 50 € gewielt, ech sinn zum Beispill bei 40 € ukomm a wielen e Plafong vu 25 €, wat geschitt dann ?

De gewielte Plafong remplacéiert de Viiregen. Wann en do ukomm as gëtt den Zougang am data roaming also bloquéiert. De Client muss séin Zougang débloquéieren andeems hien U per SMS schéckt fir erem data roaming consomméieren ze kënnen.

Muss e den Textformaat vum SMS genau respektéieren?

Dir musst den Text effectiv genau respektéieren, dat heescht O espace 25, soss bitt e Retours-SMS dem Client un d’Wuert "H" fir Hëllef ze schécken oder direkt de call center unzeruffen.

Wann ech schons e Plafong anescht wéi 50€ per SMS vrum 1. Juli 2010 gewielt hun, gëtt dëse Plafong da beibehaal oder gëtt en automatesch op de Standard vu 50€ gesaat ?

Wann de Plafong schons per SMS zweschen dem 1. März 2010 an dem 28. Juni 2010 définéiert gouf (de kuerze Code 64046 fonctionnéiert net vum 28. bis den 30. Juni aus Migratiounsgrënn), da gëtt dëse Plafong beibehaal an de Standard-Plafong gëtt net ugewend. Nëmmen déi Benotzer di sech virum 28. Juni fir kee Plafong entscheed hun, kréien e Standard-Plafong vu 50€ zougedeelt.

Wann ech ausserhalb der Europa-Zone sinn, sinn ech da vum Preventiv-Mechanismus gedëckt?

Jo, et ass een europäescht Réglement mee et déckt d’Netz vun der ganzer Welt. Wann e Client sech ausserhalb vun Europa befent, da gëtt hien weider duerch de Plafong geschützt dén hien vidrun festgesaat huet.

Wann ech «Data roaming Bloquéieren» op mengem Kontrakt gewielt hun, réaktivéiert de Preventiv-Mechanismus dan automatesch den data roaming Service?

Nee, wann de Client op sengem Kontrakt gefroot hat, am data roaming bloquéiert ze ginn, dann réaktivéiert de Mechanismus dëse Service net, hien ass da ganz durchsichteg. Aanerseits, wan de Client den data roaming réaktivéiere wëllt, da muss hien eng Ennerung vun sengem Kontrakt froen virun deems dat hien e finanzielle Plafong festsetzt.