Bancomat
Vun elo u kann all Besëtzer vun enger POSTCHEQUE Kaart seng TIPTOP Prepaidkaart via d’Quarantaine vu Bancomat a P&T Luxembourg oplueden.
Ganz einfach a bequem erlaabt dës nei Recharge Method et dem Benotzer 10, 15, 25 oder 50 € ze rechargéieren, an dat, 24St/24 – 7D/7.
Wéi geet dat ?
- Stiecht Är POSTCHEQUE Kaart an de Bancomat vun der P&T.
- Wielt eng Sprooch (Franséisch, englesch, däitsch).
- Gidd Äre Geheimcode an.
- Wielt d’Optioun "Rechargement prépayé LUXGSM".
- Gidd d’Nummer vum GSM dee rechargéiert soll ginn an.
- Wielt dee Betrag deen Dir wëllt dropsetzen (10, 15, 25 oder 50 €).
- Bestätegt.