Gratis Helpline 24h/24,7D/7
Fixe : 8002 4321
Mobile : 4321


Cash&Carry

visuel Cash et Carry

Maacht Iech d’Liewe méi liicht: Är TipTop-Produiten elo och beim Auchan, Cactus a beim Bâtiself!

Elo kënnt Dir Ären Handy rechargéieren wann Dir an enger Keess am Supermarché vum Auchan passéiert.

Wéi fonctionnéiert dat?

  • Huelt Iech en Ticket an der Héicht vun der Zomm, déi Dir op Ären Handy luede wëllt.
  • Gitt an d’Keess
  • Do kritt Dir Äre Code fir d’Recharge.

Méi einfach geet et net!

Auchan  

Nei: Är prepaid Packs a Rechargen am Self-Service 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7!

LUXGSM a Bâtiself schaffen zesumme fir Iech d'Liewe méi einfach ze maachen: Dir fannt elo an Ärem Bâtiself zu Stroossen, Angelduerf a Féiz en Distributeur fir prepaid Kaarten a Packs.

Wéi fonctionnéiert dat?

Mat dësem Distributeur kënnt Dir Är prepaid TIPTOP-Kaart uplueden, Är éischt prepaid TIPTOP-Kaart mat Telefonsnummer abegraff oder e komplette Pack mat Handy + Kaart mat engem Kredit vu 5 € fir Kommunikatioune kafen.

Dësen Distributeur deen op Franséisch an Englesch disponibel ass, guidéiert Iech an der Wiel vun Ärem Produit an ass nonstop während den Öffnungszäite vun eise Geschäfter zougänglech. Dës Maschinnen, déi no beim Agank stinn, an d'Méiglechkeeten déi si bidden, wäerten Iech d'Liewe méi einfach maachen!

Profitéiert elo dovun!