Gratis Helpline 24h/24,7D/7
Fixe : 8002 4321
Mobile : 4321


BCCE

Retour

D'Rechargéiere per SMS vun Ärer TIPTOP Kaart duerch Ophiewen op Ärem lafende Kont bei der BCEE. D'Rechargéiere vun Ärer TIPTOP Kaart per SMS gëtt Iech proposéiert an Zesummenaarbecht mat der Spuerkees an hirem Service «Express Reload».

Fir Iech anzeschreiwe, musst Dir nëmme an eng Agence vun der Spuerkees oder an eng vun eisen Teleboutique goen, mat Ärer Kontosnummer an enger Carte d'Identité, an do de Formulaire ausfëllen, deen dovir virgesinn ass. Esoubal Är Aschreiwung validéiert ass, kritt Dir per SMS e Sécherheetscode, mat deem Dir Iech all Kéier identifizéiert, wann Dir eng Recharge ufrot oder wann Dir nach en zousätzlechen Handy aschreiwe loosse wëllt.

Fir Ären eegenen Handy ze rechargéiere, braucht Dir nëmme folgende Message mat SMS op d'Kuerznummer 64002 ze schécken : Sécherheetscode#Betrag vun der Recharge : 10, 15 oder 25€ (Zum Beispill 1234#10 fir 10 Euro op Är Nummer dropzesetzen ).

Fir eng zousätzlech Nummer aschreiwen ze loossen, braucht Dir nëmme folgende Message per SMS op d'Kuerznummer 64002 ze schécken : Sécherheetscode#zousätzlech Handysnummer (Zum Beispill 1234#621123456 fir d'Nummer 621123456 derbäizesetzen).

Fir eng zousätzlech Nummer ze rechargéiere, braucht Dir nëmme folgende Message per SMS op d'Kuerznummer 64002 ze schécken : Sécherheetscode#Betrag vun der Recharge #Nummer vum zousätlechen Handy (Zum Beispill 1234#10#621123456 fir d'Nummer 621123456 mat 10 Euro ze rechargéieren).